Visitt vun der groussherzoglecher Koppel am Kiischpelt

Den 22. Juni 2022 hate mir an der Gemeng Kiischpelt déi grouss Éier de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa dierfen am Kader vun eise Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag begréissen ze dierfen.

Ëm 16.45 Auer war et esouwäit: d’Fanfare Kiischpelt huet de Wilhelmus erklénge gelooss an de Schäfferot huet, zesumme de Ministeren Hansen an Turmes, dem Chamberpresident, souwéi de vertruedenen Nord-Deputéierten, déi groussherzoglech Koppel empfaangen.

Am Cortège goung et dunn laanscht Konschtgalerie, iwwer d’Hencksebréck, op d’Éierentribün. Eng ganz Rei politesch Responsabel aus de verschiddenen Nordgemengen, déi sech trotz de Feierlechkeeten an hire Gemengen Zäit geholl hu fir an de Kiischpelt ze kommen, hunn do schonn op den héije Besuch gewaart.

Nodeems den Här Buergermeeschter d’Éieregäscht begréisst huet, huet hien a senger Ried d’Gemeng Kiischpelt am Detail virgestallt, iwwert d’Fusioun am Joer 2006, eis Verbonnenheet mat eisem natierlech Ëmfeld, eis Industriegeschicht an eist Engagement am kulturelle Milieu. Hien huet awer och net vergiess op d’Pandemie zeréckzekucken an e Bléck op déi international ugespaante Lag ze werfen an huet derzou opgeruff de Geescht vun der Solidaritéit deen an der Coronakris opkomm ass, och weiderhi liewen ze loossen. An engem flotten Intermezzo koumen d’Kanner zu Wuert, déi hiert Liewen an der Schoul an an der Maison relais zu Wëlwerwolz beschriwwen hunn.

Wéi et Traditioun ass, kruten eng Rei Memberen vu lokale Veräiner Auszeechnungen fir hiert laangjäregt Engagement iwwerreecht. Dat war dëst Joer mat enger ganz besonnescher Éier verbonnen, well d’Medaile goufe vum Grand-Duc Henri iwwerreecht.

Fir déi musikalesch Momenter hunn d’Chorale Ste Cécile vu Pënsch an d’Fanfare Kiischpelt gesuergt, déi zum Ofschloss vum offiziellen Deel gemeinsam d’Heemecht virgedroen hunn.

Uschléissend huet den Här Buergermeeschter d’Éieregäscht invitéiert fir en Tour duerch Lellgen ze maachen, dat, duerch säi Status als eent vun de „Villages pilotes“ am Kader vum Programm „Eist Duerf soll liewen“, säin authentescher Charakter vum „Éisleker Duerf“ behalen huet. Begleet gouf dësen Tour vum Här John Voncken, Architekt beim INPA, deen hei Erklärungen zu de typesche Charakterzich vun der éisleker Bauweis ginn huet.

Et goufen och zwou vun de Scheiere besicht, an deenen am Kader vum Konstfestival eng ganz Rei Kënschtler hir Wierker konnte virstellen. Och eis kleng awer reng Konstgalerie, déi an der aler Schoul ënnerbruecht ass, gouf vun den Éieregäscht besicht.

Zum Ofschloss huet déi groussherzoglech Koppel an der Wiss niewent der Konschtgalerie eng ganz Rei Leit aus verschiddene Beräicher begéint fir sech mat hinnen ze ënnerhalen. Ëm 19.00 Auer hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dunn erëm op de Wee an d’Stad gemaach.

D’Gemeng Kiischpelt seet jidderengem Merci deen duerch seng Mataarbecht oder seng Presenz gehollef huet dëse Virowend vun Nationalfeierdag zu engem ganz besonneschen Evenement ze maachen, dat eis alleguer wäert laang a gudder Erënnerung bleiwen.

Dernière modification le 24/06/2022

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal