Un Awunner vu Kautebaach, Alschent an Mäerkels: Arden Challenge den 28.03

Donneschdes, den 28.03 duerchfiert déi 2 Etappe vum Arden Challenge, eng international Vëlo’s Kurs mat Start an Ziel zu Wooltz, ärt Duerf. Organisateur vun der Etappe ass Vëlo Woolz, an Zesummenaarbecht mam Veräin CC Chevigny. Op dësem Plang gesitt dir Stréckeféierung an den Zäitplang vum / vun de Passage(n).

 

Zäitplang (Approximativ) vun de jeeweilegen Passagen an ärem Duerf:

Kautebaach:           14h40/15h24/16h06/16h49  

Konerhaff:              14h45/15h29/16h12/16h55 

Alschent:                14h46/15h30/16h13/16h56

Mäerkels:                          14h51/15h36/16h17/17h03

Mäerkelsmillen:               14h53/15h38/16h19/17h05

Um Zäitplang ass ze erkennen, dass är Dierfer 4x duerchfuer ginn. De Verkéier ass de ganze Metten groussraimeg an op der ganzer Stréck am Sens Unique gereegelt. Deemno ass fueren a Richtung vun der Kurs, außerhalb vum Passage, problemlos méiglech. Beispill: Fueren Richtung Kautebaach ass just méiglech iwwert Alschent, Donatus, Mäerkelsmillen –> Kautebaach. Fueren Richtung Wooltz, wéi ëmmer iwwert Kautebaacherstrooss. Ëmleedungen si gezeechent.

Sécherheet vun den 175 Coureuren ass ons ganz wichteg. Dofir bieden mir Iech:

  • Dat ofgeännert Verkéiersreglement ze befollegen
  • Beim Passage Strooss fräi ze hale vun Trafic, Iwwerquerungen
  • Strooss nik ze verengen duerch stationéiert Gefierer oder aner Géigestänn
  • Hausdéier dobannen / ugestréckt ze halen
  • Uweisungen vun de villen fräiwëllegen Stréckeposten ze befollegen

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech, wënschen Iech vill Spaass beim kucken vun der Kurs.

Dernière modification le 22/03/2024
Aller au contenu principal