Geselleg Nomëtteger an Dag vum 3. Alter

Dir léif Dammen an Hären,

Duerch d’Sanitär Kris COVID-19 hu mir eis Evenementer leider missen annuléieren. Well d‘Situatioun de Moment stabel ass géife mir rëmm gären eise gesellegen Nomëtte wéi och eisen Dag vum 3. Alter organiséieren.

 

Info zu eisem gesellegen Nomëtten:

D’Kommissioun vum 3. Alter deelt iech mat dat ab November de gesellegen Nomëtte rëmm statt fënnt. Wéi gewinnt fënnt deen all 2. Donneschdes am Mount statt am Centre communal zu Wëlwerwolz. Deen éischten Donneschdeg ass den 11. November ab 14 Auer.

 

Info iwwert den Dag vum 3. Alter:

Den Dag vum 3. Alter fënnt nächst Joer och rëmm statt. Den 9. Januar 2022 luede mir iech an de Centre communal an op ee flotten Dag.

 

Opgepasst déi Festivitéite lafen iwwert de Regime vum COVID-Check.

Mir wiere frou wann dir rëmm alleguer dobäi wiert.

 

Mat beschte Gréiss,

Kommissioun vum 3. Alter.

Des articles de la même catégorie

Recensement de la population

Recensement de la population

L’objectif d’un recensement est de recueillir des données sur la population, les ménages et les logements pour anticiper les besoins en aménagement du territoire, écoles, crèches, hôpitaux, maisons de retraite et de soins, logements etc. Recensement de la population...

lire plus